Italien hat jo versprach, fir d'Neiverschëldung ze reduzéieren.

D'EU-Kommissioun wëll op eng Defizitprozedur géint Italien verzichten. Wéi de Kommissär fir Wirtschaft Pierre Moscovici zu Bréissel annoncéiert huet, wéilt een d'Prozedur net entaméieren, nodeems Italien agelenkt a versprach hätt, seng Neiverschëldung ze reduzéieren. Et géif een Roum awer weider am A behalen.