Et gëtt vill Kritik un der Nominatioun vun der däitscher Politikerin, esou datt eng Majoritéit fir d'Ursula von der Leyen net sécher ass.

Vu Berlin un d'Spëtzt vun der EU? Déi vum EU-Conseil virgeschloen nächst EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass den Ament zu Stroossbuerg an Bréissel, fir bei den Europadeputéierte Support fir hir Nominéierung ze sammelen. Op der Plaz gouf si och vum nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker empfaangen.

Eng Majoritéit fir d'von der Leyen ass awer nach net sécher. Et gëtt vill Kritik un dëser Nominatioun, well den EU-Conseil sech net fir e Spëtzekandidat entscheet huet. Fir dass d'von der Leyen Presidentin gëtt, muss si fir d'Éischt nach vum EU-Parlament Mëtt Juli confirméiert ginn.

De Wee gëtt fir d'Ursula Von der Leyen keen einfachen. Dem däitsche Spiegel no wéilten déi däitsch Sozialdemokraten a Gréng am Europaparlament géint  déi aktuell däitsch CDU-Verdeedegungsministesch stëmmen.