D'Sanktioune géint Nordkorea wieren déi strengst, déi d'EU jee géint ee Land verhaangen huet.

D'Europäesch Unioun huet d'Sanktioune géint Nordkorea, déi wéinst dem Atomprogramm verhaange gi waren, verlängert. D'EU Länner hunn eng Lëscht vu Persounen an Organisatioune confirméiert, géint déi ee Reesverbuet besteet an deenen hiert Verméige blockéiert ginn ass.

D'Sanktioune géint Nordkorea wieren déi strengst, déi d'EU jee géint ee Land verhaangen huet. D'Zil bleift déi komplett Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel.