Do virdrun hat d'Ursula von der Leyen den Deputéierte vun der Europäescher Vollekspartei matgedeelt, dass de Martin Selmayr net Generalsekretär bleift.

Den ëmstriddenen EU-Spëtzebeamte Martin Selmayr huet säi Récktrëtt zu Bréissel annoncéiert. Enn nächste Woch géif hie säi Posten als Generalsekretär vun der EU-Kommissioun opginn. Dat sot de Selmayr géintiwwer dem Politik-Portal Politico. Hie géif net zu Bréissel bleiwen.

Do virdrun hat d'Ursula von der Leyen den Deputéierte vun der Europäescher Vollekspartei matgedeelt, dass de Martin Selmayr net Generalsekretär bleift. De Conseiller vum nach-EU Kommissiounschef Jean-Claude Juncker war d'lescht Joer ënner ëmstriddenen Ëmstänn heegsten EU-Beamte ginn. D'Europaparlament hat säi Récktrëtt gefuerdert. Des Annonce vun der Ursula von der Leen gëllt als Konzessioun un déi kritesch Deputéiert.

Dobäi kënnt, dass et net üblech ass, dass de Generalsekretär déi selwecht Nationalitéit wéi de Kommissiounschef huet.