D'EU-Inneminister hu bis ewell keen Accord fonnt, wat eng Iwwergangsreegelung fir d'Verdeele vu Migranten aus dem Mëttelmier betrëfft.

Si sëtzen den Ament zu Helsinki fir Gespréicher iwwert d'Zukunft vun der Migratiounspolitik beieneen. Lëtzebuerg ass duerch den Ausseminister Jean Asselborn vertrueden, ënnert deem säi Ressort och d'Asylpolitik an d'Immigratioun fält.

Bis ewell hätte sech net genuch Länner bereet erkläert bei dëser Initiativ matzemaachen, sou de Lëtzebuerger Diplomatiechef géintiwwer der dpa. Däitschland a Frankräich wëllen eng Propos op den Dësch leeën, déi virgesäit, dass bis op d'mannst Oktober eng Verdeelung vun de Flüchtlingen op en Deel vun aneren EU-Länner garantéiert ass. Geplangt ass eng Koalitioun vu 6 bis 11 Länner, déi bereet sinn op de Wee ze goen. Bis ewell hunn, nieft Lëtzebuerg, just Portugal a Finnland hir prinzipiell Ënnerstëtzung zougesot. Dobäi kéimen den Ament nach 3 bis 4 Länner, déi e Mëttwoch den Owend awer net vertruede waren. Domat wier ee bei net emol 10 Länner an dat wier traureg, sou de Jean Asselborn weider.

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini huet sech kloer géint d'Initiativ vun Däitschland a Frankräich ausgeschwat. No engem Owendiessen e Mëttwoch  zu Helsinki huet de Minister op Twitter geschriwwen, dass Däitschland a Frankräich weiderhi wéilten, dass Italien eent vun deene wéinege Länner soll sinn, wou Flüchtlingen ukommen. Italien dogéint géif un enger "stabiller Mëttelmier-Achse" schaffen, fir d'Reegelen ze änneren an dem Schmuggel mat Mënschen en Enn ze setzen.

D'Gespréicher ginn um Donneschdeg weider. Déi geplangte Reegelung soll verhënneren, dass Italien a Malta Schëffer mat Flüchtlingen u Bord, déi am Mëttelmier gerett goufen, den Accès fir an hir Häfen kënne verbidden.