Ursula von der Leyen wëll d'Dublin-Reegele fir d'Asylprozeduren an der EU elo op de Leescht huelen.

D'Asylpolitik suergt fir vill Diskussiounen an Onstëmmegkeeten. Déi zukünfteg EU Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wëll d'Dublin-Reegele fir d'Asylprozeduren an der EU elo op de Leescht huelen.

Si wéilt de System zugonschte vun de Mëttelmierlänner reforméieren. Dat sot si an engem Interview mat der däitscher Bild-Zeitung. Si hätt ni richteg verstanen, firwat ee Migrant misst an dem Land bleiwen, wou e fir d'éischt op europäesche Buedem kënnt.

D'Migratioun géif entweder iwwer Waasser oder Land geschéien. Stabil Baussegrenze géifen et nëmmen da ginn, wann een deene Länner hëlleft, déi opgrond vun hirer Positioun op der Landkaart, dem gréissten Drock ausgesat sinn, sou d'Ursula von der Leyen.