De Finanzminister Sajid Javid sot, dass 1,2 Milliarden direkt deblockéiert ginn, fir wichteg Secteuren op den EU-Austrëtt den 31. Oktober ze preparéieren.

Eng weider Milliard stéing fir de Fall prett, dass weider Finanzmëttel néideg ginn. Domat huet déi britesch Regierung dëst Joer hire geplangte Budget fir d'Brexit-Preparativen verduebelt. Mat dësen zousätzleche Mëttel, sollen dem britesche Finanzministère no, virun allem d'Aarbechten un de Grenzen, de Support vun den Entreprisen an de Ravitaillement mat Medikamenter acceleréiert ginn.

Den neie Premierminister Boris Johnson ass weiderhin fest decidéiert, dass säi Land op den 31. Oktober aus der EU austrëtt, mat oder ouni Accord mat der Europäescher Unioun.