Zuele vum ifo Institut besoen, dass den Niveau vu Wuelstand bei engem haarde Brexit wuel ëm 5,23 Prozent géing falen.

Am stäerkste géing den haarde Brexit Irland treffen, dat mat enger Baisse vun 8,16 Prozent vum Wuelstand. Dono kéimen da schonns Lëtzebuerg mat 5,23 Prozent a Malta mat 5,19 Prozent. Groussbritannien selwer misst iwwerdeems nëmme mat engem Réckgang vun 2,76 Prozent rechnen, esou den ifo Institut.