Déi nei EU-Kommissioun ënnert der Ursula Von der Leyen, soll genee esou vill Männer wéi Fraen hunn.

Dat huet déi nei Kommissiounspresidentin dem Spiegel erkläert. Esou wéi d'Situatioun sech elo géif presentéieren, wieren op d'mannst 12 vun den nächste 27 EU-Kommissären Fraen. Déi Zuel kéint op 14 eropgoen, an do kéinten e puer Fraen ganz wichteg Dossieren, déi "wirtschaftsno" sinn, iwwerhuelen.

Mat engem méi héijen Undeel u Fraen géifen Diskussiounen ganz aneschters verlafen, esou d'Ursula Von der Leyen. Den 1. November soll déi nei Kommissioun hir Aarbecht ufänken, dat nodeems d'Parlament säi Feu Vert ginn huet.