Wärend den nächste Méint kënne sech d'EU-Bierger fir d'Ëmwelt asetzen. Alles, wat dofir gemaach muss ginn, ass eng Campagne z'ënnerschreiwen.

Dës Biergerinitiativ ass de Mëttwoch vun der EU-Kommissioun zu Bréissel accordéiert ginn. Aner Campagnë, déi sech fir de Klima oder géint d'Korruptioun asetzen, goufen och ugeholl. E Virschlag, deen net zougelooss gouf, huet sech op déi europäesch Handelspolitik bezunn. Dat envisagéiert Zil war, dass keng Produiten aus besetze Gebitter op den EU-Marché komme sollen. Esou eng Entscheedung dierft no EU-Recht awer net d'Kommissioun treffen, mä eleng d'Memberstaaten.

D'Initiateuren hunn 1 Joer Zäit, fir eng Millioun Ënnerschrëften aus mindestens 7 EU-Memberstaaten ze sammelen. Wann dëst geléngt, entscheet d'Kommissioun, ob si de Fuerderungen nokënnt oder net.

D'Initiativ "Beien a Bauere retten! Eng beie-frëndlech Landwirtschaft fir eng gesond Ëmwelt" fuerdert, dass bis 2035 keng synthetesch Pestizide wéi Glyphosat méi sollen an der Landwirtschaft benotzt ginn.