Dat schreift en Donneschdeg d'Welt a berifft sech op ee vertraulecht Schreiwes vun der Kommissioun iwwert d'Entwécklung vun der Migratioun.

Doranner géif Bréissel fannen, datt d'Réckféierungsoperatiounen ze lues sinn. Déi griichesch Autoritéite missten och méi koordinéiert virgoen an hir Insele virum Afflux entlaaschten.

Op Demande vun der Welt hätt d'Kommissioun awer erkläert, datt d'Situatioun sech duerch d'Verbesserunge vun den Infrastrukturen an der besserer Gestioun vun den Opnam-Zentren am Generelle verbessert hätt.

De Migratiounskommissär Avramopoulous stéing och ëmmer am Kontakt mat der neier griichescher Regierung.