Dat geet aus der Lëscht mat de Kandidaten ervir, déi um Méindeg vun der EU-Kommissioun verëffentlech gouf. Mat op der Lëscht steet och den Nicolas Schmit.

Domat wäert d'Ursula von der Leyen hiert Zil knapp verfeelen, fir d'Kommissioun eng éischte Kéier mat 50 Prozent Fraen ze besetzen. De Fraen-Undeel läit bei 48 Prozent.

Belsch: Didier Reynders,
Bulgarien: Mariya Gabriel,
Kroatien: Dubravka Šuica,
Tschechesch Republik: Věra Jourová,
Dänemark: Margrethe Vestager,
Estland: Kadri Simson,
Finnland: Jutta Urplainen,
Frankräich: Sylvie Goulard,
Griichenland: Margaritis Schinas,
Irland: Phil Hogan,
Italien: Paolo Gentiloni,
Lettland: Valdis Dombrovskis,
Litauen: Virginijus Sinkievičius,
Lëtzebuerg: Nicolas Schmit,
Malta: Helena Dalli,
Holland: Frans Timmermans,
Éisträich: Johannes Hahn,
Polen: Janusz Wojciechowski,
Portugal: Elisa Ferreira,
Rumänien: Rovana Plumb,
Slowakei: Maroš Šefčovič,
Slowenien: Janez Lenarčič,
Schweden: Ylva Johansson,
Ungarn: László Trócsányi,
Zypern: Stella Kyriakides.

Déi nei Kommissioun soll den 1. November hiert Amt untrieden.

Munch Kandidaten an der Kritik

Verschidde proposéiert Kandidate stinn an der Kritik, sou z.B. dee vum ungaresche Kommissär László Trócsányi, deen déi ëmstridde Justizrefom matgedroen hat. Géint de polnesche Kandidat Janusz Wojciechowski leeft eng Enquête wéinst falschen Ofrechnungen, wougéint déi rumänesch Kandidatin Rovana Plump aktuell mat Korruptiounsvirwërf an de Schlagzeile steet.

Verdeelung vun de Posten

En Dënschdeg soll d'Ursula von der Leyen och d'Verdeelung vun de Posten op enger Pressekonferenz presentéieren.

Enn September muss sech dann dës Ekipp de Froe vum EU-Parlament stellen, fir dass dann zu Stroossbuerg de Vott geholl gëtt. Déi offiziell Ernennung vun dëser Kommissioun geschitt am EU-Conseil am Oktober.