Produiten, wou gen-manipuléiert Sojabounen dra verschafft sinn, duerfe weider an der europäescher Unioun verkaf ginn.

Dat huet en Donneschdeg de Mueren den europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg decidéiert. 2012 hat d'Kommissioun dat duerchgewonk. D'Sojaboune sinn duerch Genmanipulatioun méi resistent géint Insekten an Herbizide wéi Glyphosat. 3 däitsch Net-Regierungsorganisatiounen haten du géint dës Decisioun Plainte gemaach. Déi gouf awer vum europäesche Geriichtshaff net guttgeheescht.