Den Haaptleetzëns an der Eurozon bleift onverännert, allerdéngs gëtt de Strofzëns fir Depote vun de Banke verschäerft.

Den Haaptleetzëns an der Eurozon bleift onverännert um Rekord niddregen Niveau vu 0 Prozent, allerdéngs gëtt de Strofzëns fir Depote vun de Banke bei der Zentralbank verschäerft vu 0,4 op 0,5 Prozent. Dat huet d’europäesch Zentralbank en Donneschdeg decidéiert.

D’EZB huet dës weideren en neie Programm vun Opkaf vu Scholde lancéiert: d’Zentralbank keeft vum 1te November bis zu 20 Milliarden Euro pro Mount un Scholdpabeieren op.

All dës Mesurë sollen d’Banken encouragéiere méi Kreditter erauszeginn, an esou eng relativ schwaach Wirtschaft unzekuerbelen an d’Inflatioun op déi ugeziilten 2% ze bréngen.