D'EU-Finanzminister, dorënner fir Lëtzebuerg de Pierre Gramegna, beroden um Freideg zu Helsinki iwwert den zukünftege Budget fir d'Eurozon.

Déi zoustänneg Minister befaasse sech an der finnescher Haaptstad besonnesch mat der Fro vun der Finanzéierung, déi bis ewell net konnt gekläert ginn. Am Gespréich si 17 Milliarden Euro fir den Zäitraum vun 2021 bis 2027.

Ee weidere Sujet vun den EU-Finanzminister ass d'Finanzéierung vum Kampf géint de Klimawandel. E Samschdeg geet et dann ëm d'Reform vun den EU-Budgetsreegelen an d'Energiebesteierung. Mat Spannung gëtt zu Helsinki och den Optrëtt vun den neie Finanzminister vun den héich verschëlde Länner Italien a Griicheland erwaart.