Den Ament ginn et bei der EU-Kommissioun Problemer mat 2 Kommissären, déi vum EU-Parlament fir "net gëeegent" gehale ginn.

D'Virwërf vun den Europadeputéierte riichte sech géint den ungaresche Kandidat Lazlo Trocsanyi a géint déi rumänesch Kandidatin Rovana Plumb. Déi Deputéiert hunn hire Veto ageluecht an domat den éischte Vott vu leschter Woch confirméiert.

Domat huet dës Kommissioun verhënnert, dass d'Kandidaten iwwerhaapt fir eng Audienz an d'EU-Parlament geruff ginn. Zanter Woche goufe politesch Bedenke wéinst deenen 2 Persoune geäussert.

Elo wäert déi designéiert EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen béid Regierunge froen, fir nei Proposen ze maachen.

Wéi et aus Bréisseler Kreesser ze héieren ass, hätt den ungaresche President Viktor Orban och schonn een Ersatz-Kandidat designéiert, an zwar den Oliver Varhelyi, Ambassadeur vun Ungarn zu Bréissel.