Anescht wéi am Virfeld spekuléiert gouf, wëll den Johnson elo awer keng Kontrolle méi op der Grenz tëscht Irland an der britescher Provënz Nordirland.

„Egal wat elo kënnt, mir wäerten Enn Oktober aus der EU austrieden, mat engem neien Deal oder ouni Accord“. Dat sot de britesche Premier Boris Johnson e Mëttwoch de Mëtteg viru senger Konservativer Torry-Partei.

Dem Johnson seng nei Virschléi un d'Adress vun der europäescher Unioun sinn nach um Mëttwoch op Bréissel geschéckt ginn.

Anescht wéi am Virfeld spekuléiert gouf, wëll de Boris Johnson elo awer keng Kontrolle méi op der Grenz tëscht dem EU-Member Irland an der britescher Provënz Nordirland. Esou eng Kontroll wier fir d'EU en absolut rout Duch gewiescht.

Wa Bréissel net bereet wier, iwwert eng nei Propose ze schwätzen, géif d'Regierung d'Verhandlunge stoppen an et kënnt zu engem net gereegelte Brexit. Dat huet d'Downing Street en Dënschdeg bekannt ginn.

Op dem véier Deeg laange Parteidag gouf virun allem iwwert de Brexit diskutéiert. Dass den Delai op en neits verluecht gëtt, huet de britesche Premier ausgeschloss. Groussbritannien soll wéi geplangt den 31. Oktober d'EU verloossen.

Vum EU-Kommissiounspresident Juncker heescht et e Mëttwoch den Owend, datt de Virschlag vu London schonn an déi richteg Direktioun geet. Et wieren an der irescher Grenzfro nach net all d'Problemer geléist. Do misst an den nächsten Deeg nach dru geschafft ginn.