Ënnert anerem de griichesche Kandidat, Margaritis Schinas muss sech de Froe vun den Deputéierte stellen.

Hie soll als Vizepresident ënnert anerem fir d'Migratioun mat responsabel sinn. Den zukünftege Ressort nennt sech "Protektioun vun eiser europäescher Liewensmanéier". Déi designéiert EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen krut dowéinst reprochéiert, si wéilt an der Flüchtlingspolitik der extremer Droite schmeechelen.

Um Donneschdeg steet och den Hearing vum designéierten EU-Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni um Programm. Déi zukünfteg EU-Kommissiounscheffin krut bei dësem Kandidat virgeheit, dass si ausgerechent de fréiere Premier vum héich verschëlten Italien mat der Kontroll vun den EU-Budgetsdirektiven wéilt chargéieren.

De Lëtzebuerger Kandidat Nicolas Schmit, deen an der zukünfteger Kommissioun soll zoustänneg si fir Beschäftegung, hat schonn en Dënschdeg den Deputéierten Ried an Äntwert gestanen. D'Europaparlament muss d'Kommissioun als ee Ganzt accordéieren, fir dass dës wéi geplangt den 1. November kann ufänke mat schaffen.