Fraen a Männer solle selwecht bezuelt ginn

© FREDERICK FLORIN / AFP
An deem Prozess sollten d’Sozialpartner och mat dobäi sinn, sou de Nicolas Schmit.
Déi nei EU-Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen huet sech zum Zil gesat, dass Fraen a Männer fir déi selwecht Aarbecht d’selwecht bezuelt ginn. Dat soll iwwert eng sougenannte “Pay transparency” elo Wierklechkeet ginn.
A ville Gesetzgebungen, dorënner och zu Lëtzebuerg, steet antëscht festgeschriwwen, dass gläiche Loun fir gläich Aarbecht soll gëllen, mä un der Ëmsetzung hapert et. De Nicolas Schmit ass Lëtzebuerger Europadeputéierten, a momentan an der Nominéierungsprozedur vun der neier Europäescher Kommissioun. Als Kommissär fir Aarbecht wéilt hien dëse wichtege Sujet op d’Tapéit bréngen. Et kéint net méi sinn, dass Frae fir déi selwecht Aarbecht manner bezuelt kréichen.
Dofir, sou den LSAP-Politiker, misst een den Entreprise genee op d’Fanger kucken. “Pay transparency”, also Transparenz bei de Salairen, géing d’Diskrepanzen offe leeën.
Doduerch dass d’Salairë géingen offegeluecht ginn, kéint de Staat iwwerpréiwen op Fraen a Männer gläich behandelt géingen. Zu Lëtzebuerg wier den Ecart am Moment just bei 10%, mä och dat géing heeschen, dass misst nogebessert ginn.
An deem Prozess sollten d’Sozialpartner och mat dobäi sinn, sou de Nicolas Schmit. Bleift ofzewaarden, wéi frou d’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun domat sinn, fir Entreprisen déi Transparenz opzezwéngen.