Wéi an Dokumenter ze liesen ass, kéint de britesche Premier de Brexit nees verleeën, wann ee bis den 19. Oktober keng Léisung fonnt huet.

Domadder géif de britesche Premier sech un dat neiste Gesetz halen, wat d'Parlament sech ginn huet an net mat aller Muecht e Brexit duerchzéien. Dat melle britesch Medien, déi sech op Regierungsdokumenter beruffen. Hei géif drastoen, datt de Boris Johnson sech un d'Gesetzer géif halen, obwuel hien dat selwer an de leschte Wochen ëmmer nees verneent huet.