Zu Edinburgh waren op d'mannst 10.000 Leit op d'Strooss gaangen, déi manner wéi ee Mount virum Brexit d'Onofhängegkeet vu Schottland gefuerdert hunn.

Ënnert den Demonstrante waren och verschidde schottesch Politiker. Si wëllen net méi als britesch Regioun ugesi ginn, ma als en eegestännegt Land. Vill Schotte wëllen och net am Kader vum Brexit d'Europäesch Unioun verloossen.

Schonn 2014, also virum Referendum iwwert de Brexit, haten d'Schotten e Referendum ofgehalen, wou et ëm d'Onofhängegkeet vun der Regioun gaangen ass. Deemools hate 55 Prozent sech géint eng Trennung vu Groussbritannien ausgeschwat. Beim Brexit-Vott am Juni 2016 waren awer 62 Prozent vun de Schotten géint en Austrëtt aus der EU. Aktuell fäerte si, datt en No-Deal-Brexit negativ Konsequenzen op hir Ekonomie kéint hunn.

Déi schottesch Premierministesch hat schonn e puer Mol annoncéiert, datt si bis 2021 en zweete Referendum iwwert d'Onofhängegkeet vun der Regioun wéilt organiséieren. Si selwer konnt un der Manifestatioun net deel huelen, huet awer via Twitter matgedeelt, datt "d'Eegestännegkeet kënnt".