D'Europäesch Unioun wëll bis Enn der Woch decidéieren, ob ee Brexit-Deal mat Groussbritannien méiglech ass, oder net.

Dat hätten de franséische President Emmanuel Macron an de britesche Premier Boris Johnson e Sonndeg den Owend an engem Telefonsgespréich festgehalen, melle britesch a franséisch Medien.

Wéi et iwwerdeems aus dem Elysée heescht, sollen d'Verhandlunge mam Team vum EU-Chefnegociateur Michel Barnier an den nächsten Deeg weider goen. Enn der Woch soll dann eng Decisioun falen, ob een Deal méiglech ass, den d'Prinzipien vun der Europäescher Unioun respektéiert.

De Boris Johnson soll op en neits kategoresch ausgeschloss hunn, dass den Austrëttsdatum nach eemol reportéiert gëtt. Dat melle britesch Medien. Dëst wier déi lescht Chance, ee Brexit ouni Accord ze verhënneren, gëtt de britesche Premier zitéiert. Ee Gesetz hält allerdéngs fest, dass de Boris Johnson eng Rallonge muss ufroe, wa bis den 19. Oktober keen Deal um Dësch läit. Dem britesche Premier no wier een Deal méiglech, wann d'EU op d'Kompromësser ageet, déi Groussbritannien gemaach huet. Dat mellt d'BBC.