Aacht EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, fuerderen eng drastesch Verschäerfung vun den EU-Klimaziler fir 2030.

An engem Bréif un de Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermans hu sech nieft Lëtzebuerg, Frankräich, Spuenien, Holland, Portugal, Schweden, Dänemark a Lettland hannert d'Zil gestallt, bis 2030 den CO2 Ausstouss ëm 55% ënnert de Wäert vun 1990 ze drécken. Offiziellt Zil sinn den Ament minus 40 Prozent.

Aus diplomatesche Kreesser zu Bréissel gouf des Initiative vun deenen aacht EU-Länner confirméiert. Si setze sech och fir eng Klima-neutral EU bis d'Joer 2050 an, fir d'Ziler vum Paräisser Klimaaccord ze erfëllen. De Frans Timmermans soll an där neier EU-Kommissioun ënnert der Ursula von der Leyen als Vizepresident fir de Klimaschutz responsabel sinn.