D’Op an Of um Sujet Brexit geet och dës Woch virun a kritt een Héichpunkt um Europäesche Conseil d’nächst Woch.

Fir d’Resultat vun de nächste Wochen si vill Suen am Spill, an nee, net nëmmen déi déi vu Staate géingen ausgi ginn. Et gëtt äifreg um Internet gewett, wéi ee Resultat et gëtt. Dass de Brexit bis Enn dës Joer geschitt, steet an der Moyenne 2/1, also bei 33% Chance, wärend ee No-Deal mat 20% Chance quotéiert gëtt. Am meeschte Sue kann ee verdéngen, wann een drop wett, dass et bis Enn dës Joers zu engem zweete Referendum kënnt. Do steet d’Quot 20/1.

Wetten op de Brexit - Rep. Bill Wirtz

De Pieter Cleppe vum britesche "Reform-Think Tank Open Europe" erkläert, dass et zwou Optioune bei der Verlängerung ginn. Déi éischt ass, dass de britesche Premier eng Extensioun freet.

Hie perséinlech wier der Meenung, dass et méi probabel ass, dass de Boris Johnson virum 19. Oktober zrécktrëtt. Dat momentaant Gesetz fuerdert hien dozou op, vun deem Datum un eng Verlängerung ze froen, obwuel dat jo contraire zu sengem Walversprieche wier.

Zu Neiwale kéim et op alle Fall virum Enn vum Joer. Falls de Boris Johnson dës Wal géing gewannen, sou de Pieter Cleppe, wier et méiglech, dass de konservative Politiker duerno méi radikal géing optrieden an een Accord nach méi onwahrscheinlech géing ginn.

Déi nei Propos vum Boris Johnson, sou de Pieter Cleppe, géing eng valabel Alternativ duerstellen. Par contre seet dës Propose och, dass kleng- a mëttelstänneg Entreprisen net vun der Douane solle kontrolléiert ginn. Dozou seet Bréissel "Nee".

Dee nächste Schrëtt ass, dass déi britesch Regierung ee Feu vert vum Europäesche Conseil brauch fir hire proposéierten Accord.