Eng al EU-Direktiv muss erneiert ginn, fir Qualitéit ze garantéieren

© Aris Oikonomou / AFP
D’EU schafft un enger Mise à jour vun de Reegelen bei der Waasserqualitéit. Net iwwerall an Europa hu Mënschen nämlech Accès zu propperem Drénkwaasser.
Déi al Direktiv ass elo iwwer 20 Joer al a brauch dem Europaparlament no en Update. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass de Rapporter vum Parlament fir déi nei Waasserschutzdirektiv an erkläert, dass mat techneschen Avancen an deene leschte Joerzéngten eng méi héich Erwaardung un d’Qualitéit vun eisem Waasser misst gëllen.
Den CSV-Politiker muss elo kucken, fir an der Tripartite mat dem Europäesche Conseil, also de Memberstaaten an der Europäescher Kommissioun op ee gemeinsame Nenner ze kommen. Ee Knackpunkt ass den Accès zum Waasser, dorënner besonnesch vu “vulnerabel Gruppen”. Dorënner zielt de Christophe Hansen zum Beispill d’Roma, déi kee feste Wunnsëtz hunn.
Et misst een dofir garantéieren, dass Waasser op ëffentleche Plazen fir näischt disponibel misst sinn.
Vill Länner hu Problemer mat Fuitten oder mat ale Leitungen, déi nach aus Bläi sinn. Dat loossen sech déi eenzel Memberstaaten allerdéngs ongär ënnert d’Nues reiwen. Fir Lëtzebuerg, wat déi nei Wäerter ouni Problem kéint anhalen, ass dat kee Sujet.
Een Virdeel vun der Direktiv wier allerdéngs och, dass d’Verbraucher méi Asiicht an hier Käschte kréien. De Virschlag wier, dass de Verbraucher nämlech op senger Rechnung kloer Staffelungen vun de Präisser geséich.
Weider Sujeten, iwwer déi sech de Christophe Hansen wëll bei der EFSA, der EU Agence fir Liewensmëttelsécherheet, informéieren, sinn zum Beispill d’Effekter vum Mikroplastik op d’mënschlech Gesondheet. Och dat géing een Deel vun de Negociatiounen am Trilog ginn.