Den Austrëttsdatum vu Groussbritannien aus der EU réckelt ëmmer méi no. Stéchdatum ass den 31. Oktober.

Ënner groussem Drock si sech en Dënschdeg d'EU a Groussbritannien am Brexit-Sträit méi no komm.

Et géif éischt Indice gi fir Progrèsen, sot den iresche Premier Leo Varadkar. Den EU-Chef-Negociateur Michel Barnier huet Europadeputéierte géigeniwwer gesot, datt et géif Beweegunge ginn op britescher Säit.

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet en Dënschdeg nach emol betount, datt ee bis déi lescht Minutt fir e gereegelte Brexit géif schaffen. Um Mëttwoch gesäit si zu Toulouse de franséische President Macron.

E Mëttwoch an e Freideg ass dann EU-Sommet. Bis dohinner soll am Idealfall eng Léisung op den Dësch. Obwuel dat jo méintelaang net méiglech war.

En Dënschdeg gouf jiddefalls verhandelt. Offiziell Deklaratiounen dono gouf et net.

Bis en Dënschdeg wollt een e Brexit-Accord

Et sollt déi lescht Chance sinn, fir nach virun der aktueller Brexit-Deadline vum 31. Oktober en Accord tëscht der EU a Groussbritannien ze fannen.

Aus Diplomatekreesser war ze héieren, dass ee sech en Delai bis um Dënschdeg Mëtternuecht ginn huet, fir eng Eenegung ze fannen. Dat well deen Accord um EU-Spezial-Sommet, deen en Donneschdeg ufänkt, jo nach muss kënne finaliséiert ginn.

Progrès jo, awer eng Léisung deemno nach net. D'Negociatiounen zu Bréissel lafen den Ament op Héichtouren.

Bis um Mëtternuecht wëll een de Brexit-Accord
Den Austrëttsdatum vu Groussbritannien aus der EU réckelt ëmmer méi no. Stéchdatum ass den 31. Oktober.