De Jean-Claude Juncker huet sech kloer dogéint ausgeschwat, datt d'EU Groussbritannien nach eng weider Verlängerung vum Datum fir den Austrëtt gëtt.

En Donneschdeg den Owend hunn déi 27 EU-Staate fir dat neit Brexit-Ofkommes mat Groussbritannien gestëmmt an hir Ënnerstëtzung fir ee pénktlecht Akraafttriede den 1. November zougeséchert. Dës Decisioun hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel geholl.

DUP géint den neie Brexit-Accord

Den neie Brexit-Accord kéint allerdéngs nach platzen. Déi nordiresch DUP huet matgedeelt, datt se den Deal net wäert matstëmmen. Et hänkt awer alles vum Koalitiounspartner vun den Tories of. Den Deal wier net gutt fir d'Wirtschaft vun Nordirland an d'Unitéit vum Vereente Kinnekräich géif der DUP no ënnergruewe ginn. Dësen Deal oder No-Deal, de Brexit soll den 31. Oktober iwwer d'Bühn goen.

Juncker bleift optimistesch

E Samschdeg de Moien zu Westminster dierft dat ganz spannend ginn. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech an der Nuecht op e Freideg um 1 Auer nom 1. Sëtzungsdag vum EU-Sommet awer optimistesch gewisen.
Hien huet sech och kloer dogéint ausgeschwat, datt d'EU Groussbritannien nach eng weider Verlängerung vum Datum fir den Austrëtt gëtt.  ''Et ass deen Deal oder keen'', dobäi blouf de Jean-Claude Juncker och.

Juncker: Ech sinn dogéint, dass mer nach eng weider Verlängerung ginn. Wa mer elo géifen duerchblécke loossen, et kéint nach eng weider Verlängerung ginn, da géif dat déi Kräften am britesche Parlament ënnerstëtzen, déi souwisou Zäit gewanne wëllen. Ech fanne mir hunn Zäit genuch verluer.

Jean-Claude Juncker iwwert den Timing

Keng Verlängerung am Brexit-Chaos also, de Jean-Claude Juncker geet a senger Funktioun als Kommissiounspresident awer wuel an d'Verlängerung. Hie bleift sécher bis den 1. Dezember.

Juncker: Doriwwer denken ech iwwerhaapt net no. Ech hale mech un de Vertrag, an de Vertrag gesäit vir, dass wann eng nei Kommissioun net zur Zäit ufänkt, dass dann déi al Kommissioun bleift. Ech sinn déi al Kommissioun.

Jean-Claude Juncker iwwert säi Mandat

Net nëmmen de Brexit stoung en Donneschdeg zu Bréissel um Programm. Den EU-Conseil condamnéiert déi tierkesch Militäroffensiv a Syrien geschlossen, a fuerdert den tierkesche President Erdogan op, d'Offensiv ganz ze stoppen, an net nëmmen temporär, ewéi en Donneschdeg de Mëtten d'Nouvelle koum. E Sträitpunkt war awer sécherlech Diskussioun ronderëm e méiglechen Ufank vun der Bäitrëttsprozedur fir Albanien an Nord-Mazedonien. Ënnert anerem Frankräich wëll fir d'Reegele vun der Bäitrëttsprozedur an d'EU reforméieren. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel weess net, ob d'Memberlänner sech an der Fro esou séier eens ginn.

Bettel: Mir gehéieren zu deenen, déi der Meenung sinn, dass ee wierklech am Balkan och elo Rou brauch, an dass et wichteg ass, dass mer wierklech eng gemeinsam Positioun och fanne fir de Balkan... Et wor op jidde Fall keng Unanimitéit den Owend, déi awer gefrot gëtt bei Bäitrëttsverhandlungen fir verschidde Länner. Déi war haut den Owend net do.

Xavier Bettel iwwer Bäitrëttsverhandlungen

Juncker a Boris Johnson annoncéiere Brexit-Deal en Donneschdeg de Mëtteg

AUDIO: Neie Brexit-Deal fonnt / Reportage Pierre Jans

Kuerz virun 13 Auer an engem Hotel zu Bréissel op der Place Jourdan war e Meeting vun der Europäescher Vollekspartei. De Jean-Claude Juncker hat eng Stonn virdru getwittert, et géif en neien Deal ginn.

"Wou e Wëllen ass, do ass och en Deal!" sou de Jean-Claude Juncker op Twitter. D'Ofkommes wär fair an ausgeglach fir d'EU a fir Groussbritannien.

„Et ass elo dat oder näischt“: Kloer Wierder vum EU-Kommissiounspresident bei senger Arrivée um Meeting vun der europäescher Vollekspartei zu Bréissel virum Sommet. Hien hätt um Donneschdeg de Moie schonn zweemol mam britesche Premier Boris Johnson telefonéiert, si hätten den Deal ofgeschloss, et géif och keng Verlängerung ginn.

Reaktioun vum Jean-Claude Juncker
Virum EU-Sommet hunn d'EU a London bis zu lescht iwwert e Brexit-Ofkommes verhandelt. Elo gëtt et een Accord.

Eppes viru 15 Auer waren dunn déi 27 Staats- a Regierungscheffe lues a lues am Berlaymont ukomm. Et war eng gewëss Euphorie ze spieren. Fir d'éischt de franséische President Emmanuel Macron an dann déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel. Et wär eng gutt Noriicht, mä et misst een awer elo dat neit Ofkommes préiwen, och wann ee scho grouss Deeler dovunner géing kennen, sou déi däitsch Kanzlerin.

Dat Neit am neien Deal ass ënnert anerem dat hei: de Backstop existéiert an där Form net méi. Nordirland soll souwuel an der britescher ewéi och an der europäescher Zollunioun sinn. Wa Wueren an d'Land kommen, gi se an zwou Kategorië sortéiert, jee nodeems ob se an Groussbritannien ginn oder an en EU-Land. A véier Joer sollen d'Nordiren iwwer den Deal ofstëmme kënnen.

67 Säite komme bäi an de Kontrakt. Nawell wär et e Kompromëss, d'EU hätt net méi noginn, ewéi d'Britten, erkläert de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

Fir d'Mënschen, déi reesen, soll näischt änneren.

Et ass en excellenten neien Accord, sou de Boris Johnson, deen un d'britesch Deputéiert appelléiert, den Deal bei enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum Parlament zu London unzehuelen. Déi Sëtzung ass e Samschdeg.