Mat enger neier Campagne mécht Europol op sech opmierksam. Do heescht et, dass Kriminalitéit kee Geschlecht kennt. Et ass awer och ee Lëtzebuerger dobäi.

An der Campagne ginn déi meescht gesichte Krimineller aus 21 EU-Staate gesicht, dorënner sinn ëmmerhin 18 Fraen. War ee bis dato nach der Meenung, dass déi meescht Crimmen net vu Frae begaange ginn, weist d'Lëscht de Géigendeel an d'Crimme si genee sou seriö ze huelen, wéi bei männleche Krimineller.

Déi interaktiv Campagne weist déi Suspekt verstoppt hanner mysteriéisen Neon-Masken. Fir hir Gesiichter ze gesinn, muss ee sech hir Geschicht hannert dem Crime ukucken, respektiv scrollen. Et gesäit een am Ufank och net, ob et sech beim Gesichten ëm e Mann oder eng Fra handelt. Eréischt um Enn vu all Geschicht gëtt d'Geschlecht an den Numm devoiléiert.

D'Iddi hannendrun ass et, méi Leit op de Site vun Europol ze lackelen, well wat méi Leit déi Kriminell gesinn, d'Chancë méi grouss sinn, dass se lokaliséiert a festgeholl kënne ginn.

Och eng Persoun vu Lëtzebuerg ass ënnert de Gesichten. Den haut 56 Joer alen Yeon Choy Teoh, och Suzuki genannt, gouf 2008 ënner anerem wéinst Menace mat Gewalt an Erpressung zu 12 Joer Prisong veruerteelt. 2019 gouf en europäesche Mandat d'arrêt ausgestallt.

Teaser den Dag virdrun

Wéi schonn dat lescht Joer huet Europol an de soziale Medie en Opruff, respektiv e Spill, fir de Leit déi meescht gesichte Verbriecher virzestellen.

An der Vergaangenheet huet Europol scho mat engem Adventskalenner oder engem WM-Spill no Flüchtege gesicht. Dëst och mol mat deem engen oder anere Succès.