Um 15.10 Auer gouf et aus Lëtzebuerger Siicht ee ganz speziellen Ament um EU-Sommet zu Bréissel.

Eng Ära ass op en Enn gaangen. De Jean-Claude Juncker huet säi leschten europäesche Sommet hannert sech. Et war deen 148. Sommet bannent 24 Joer. Sief et als Lëtzebuerger Premier oder President vun der Europäescher Kommissioun.

Jean-Claude Juncker bei senger Sortie um RTL-Mikro

Wärend senger politescher Karriär huet deen haut 64 Joer ale Politiker am Ganzen un engen 600 Reuniounen um Europäesche Pakt deelgeholl. Dorënner der 197 vum Conseil Ekonomie a Finanzen. 38 Beschäftegungs a Sozial-Conseilen. 164 Reunioune vum Eurogrupp. 20 Euro-Sommeten. D’Lëscht ass immens laang.

De Jean-Claude Juncker ganz emotional
Um 15.10 Auer gouf et aus Lëtzebuerger Siicht ee ganz speziellen Ament um EU-Sommet zu Bréissel.

Op sengem leschte Sommet krut de Jean-Claude Juncker dacks Merci gesot fir säin Asaz, elo zum Schluss och virun allem an de Brexit-Negociatiounen. De Kommissiounspresident huet de Choix vun de Britten ëmmer bedauert, ass awer elo frou, datt e Kompromëss fonnt gouf. Mä och den Jean-Claude Juncker war sech net sécher, ob den neien Deal et e Samschdeg duerch Westminster packt.

D’Reaktioun vum Jean-Claude Juncker am Video, um Ament wou en dem Conseilsgebai, an deem hie Stonne verbruecht huet, déi net ze ziele sinn, de Réck gedréit huet.

De Jean-Claude Juncker verléisst d'Gebai zu Bréissel
Eng Ära ass op en Enn gaangen. De Jean-Claude Juncker huet säi leschten europäesche Sommet hannert sech.