Dat britescht Parlament kéint ënner Ëmstänn haut iwwert den Accord, deen de britesche Premier Boris Johnson an d'EU ausgehandelt hunn, ofstëmmen.

Am Laf vum Méindeg de Mëtteg soll eng Decisioun falen. Sollt de Parlamentspresident John Bercow de Wee dofir fräi maachen, kéinten d'Deputéiert nach am spéiden Nomëtteg respektiv e Méindeg den Owend driwwer ofstëmmen.

De Boris Johnson strieft weiderhin ee Brexit op den 31. Oktober un. Well d'Deputéiert e Samschdeg de Votte reportéiert haten, huet de britesche Premier, géint säi Wëlle mussen eng Verlängerung vum Brexit-Delai zu Bréissel ufroen.

D'EU wëll awer nach net direkt eng Decisioun huelen, mä fir d'éischt déi weider Entwécklung ofwaarden. Wéi d'Sunday Times schreift, kéint Bréissel de Brexit op Februar 2020 reportéieren, sollt et am Parlament keng Majoritéit ginn. Den Datum wier awer net contraignant.