D'Decisioun vum britesche Parlament iwwer den neie Brexit-Deal vum Premierminister Boris Johnson verzögert sech weider.

De Parlamentspresident John Bercow huet eng Ofstëmmung am Parlament zu London e Méindeg net zougelooss.

De Bercow baséiert sech op ee Reglement aus dem Joer 1604, deemno een net bannent engem Joer zweemol iwwert deselwechten Text kann ofstëmmen. Den Johnson wëll op alle Fall keen Dibbelchen um Accord mat der EU méi änneren.

De Jean-Claude Juncker reagéiert

D'EU huet dem Jean-Claude Juncker no alles gemaach, fir en anstännegen, gereegelten Austrëtt vu Groussbritannien. Elo läit et um britesche Parlament, ob et den neien Accord unhëlt oder net. Dat sot de Jean-Claude Juncker en Dënschdeg de Moien am Europaparlament.

De Rotspresident Donald Tusk huet zouginn, d'Situatioun wär komplex. Hie wëll an den nächsten Deeg decidéieren, wéi et weider geet. Groussbritannien huet jo de Weekend op en Neits gefrot, fir de Brexit ze verréckelen.

Hie géif de Brexit ëmmer bedaueren, huet de Jean-Claude Juncker nach gemengt. Deen haut virum Europaparlament zu Stroossbuerg de Bilan vu senger Amtszäit zitt.