De britesche Premier krut d'Gesetz fir d'Ëmsetze vum Brexit-Ofkommes an enger éischter Phas am Parlament duerchgesat - kuerz drop koum de Revirement.

Victoire an Defaite leien esou no beienee fir de Boris Johnson. De britesche Premier huet d’Zoustëmmung vum House of Commons fir säi Brexit-Gesetz kritt. Den Owend hunn d’Parlamentarier an enger éischter Ofstëmmung fir de Brexit-Deal um Fong gestëmmt. Allerdéngs hunn d’Deputéiert sech géint de Kalenner vum Johnson ausgeschwat. Doduercher kann de Premier säi Plang net bannent e puer Deeg duerch d’Parlament boxen.

Doropshin huet den Johnson annoncéiert, d’Gesetz iwwert d’Brexit-Ofkommes op Äis wëllen ze leen. Hie géif elo d’EU fir eng weider Verlängerung vum Austrëtt froen an d’Preparative fir een ongereegelte Brexit weiderdreiwen.

No den Entscheedunge vum britesche Parlament huet den EU-Rotspresident Donald Tusk de 27 bleiwenden EU-Staaten eng Verlängerung vun der Brexit-Frist proposéiert, dat huet den Tusk en Dënschdeg den Owend op Twitter matgedeelt.