Duerch de Blockage am britesche Parlament, hu sech d'EU-Länner dofir ausgeschwat, den Austrëttsdatum vu Groussbritannien op en neits ze verleeën.

Wéi et e Mëttwoch aus EU-Kreesser geheescht huet, wieren déi aner 27 Länner fir eng Rallonge, fir sou ee chaoteschen Austrëtt op den 31. Oktober ze verhënneren. Ee Stéchdatum gouf net genannt.

Den Diplomaten no, wieren awer déi meescht Regierungen dofir, dass den Austrëttsdatum op Enn Januar sollt verréckelt ginn. D'EU-Staaten hunn de Brexit zanter Enn Mäerz schonn zwee mol reportéiert.