D'EU-Staaten hunn hir Decisioun, ob de Brexit verréckelt gëtt oder net, opgeschuppt. Si goufe sech um Freideg net eens iwwer d'Durée vun deem Verréckelen.

Datt den Datum soll verréckelt ginn, do si se sech awer eens.

D'EU-Länner wëllen de Weekend iwwer beroden. Nach ass den EU-Austrëtt vu Groussbritannien fir den 31. Oktober geplangt.