Obwuel d'Parlament dogéint ass, probéiert de Boris Johnson weider virgezunne Walen den 12. Dezember ze forcéieren.

D’Parlament zu London huet iwwer d’Propose vum Boris Johnson senger Iddi, fir Neiwalen den 12. Dezember ofzehalen, ofgestëmmt mam Resultat, datt dës Propose net ugeholl gouf. De britesche Premier hätt 434 Jo-Stëmme gebraucht, huet der awer nëmme 299 kritt. Ganz vill Deputéiert hu sech enthalen. 70 hu mat Nee gestemmt. Um Dënschdeg wëll de britesche Premier elo e Gesetz ze proposéieren, bei deem hien nëmmen eng einfach Majoritéit brauch.
Déi 27 EU-Memberstaaten haten e Méindeg de Moien decidéiert, d'Demande vu Groussbritannien unzehuelen, fir de Brexit nach eng Kéier ze verréckelen. Déi nei Deadline gouf fir Enn Januar 2020 festgesat. Sollt Groussbritannien den Deal mat der EU scho virdru ratifizéieren, kéint d'Land awer och scho virdrun austrieden.

Den EU-Rotspresident nennt dat Ganzt „Flextension“, also eng flexibel Extensioun bis ebe spéitstens den 31. Januar nächst Joer.

De britesche Premier Boris Johnson hat dës Extensioun bei der EU, op Drock vum Parlament hin, ugefrot. Dat obschonns hien de Brexit onbedéngt wollt Enn Oktober duerchzéien. Ma well d'Parlament den Accord mat der EU net wollt d'urgence nach unhuelen, war deen Zäitplang net méi anzehalen.

Den EU-Rotspresident Donald Tusk hat de 27 Memberstaate recommandéiert d'Demande vu Groussbritannien unzehuelen, fir e chaoteschen Austrëtt Enn der Woch z'evitéieren. E Brexit ouni Accord kéint nämlech enorm Turbulenze fir d'Wirtschaft, Onsécherheet fir d'Bierger a souguer Enkpäss bei der Liewensmëttel- a Medikamenteversuergung mat sech bréngen.

D'EU schléisst iwwerdeems awer aus, dass Deeler vum Accord nei verhandelt ginn. Ausserdeem soll Groussbritannien en EU-Kommissär nominéieren, fir de Fall, dass d'Kommissioun vun der Ursula von der Leyen untrëtt, ier Groussbritannien definitiv ausgetrueden ass.