Verschidden Dispositioune wieren net konform zum EU-Recht, esou uerteelen d'Riichter vum Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg.

Et geet ënner anerem ëm Reegelen, déi d'Pensioune vu Magistrate betreffen. Notamment gouf do 2017 beim Âge de départ en Ënnerscheed gemaach tëscht Fraen a Männer. Fir Riichter a Procureurs généraux gouf de Pensiounsalter vu 67 op 60 Joer fir Fraen a 67 Joer fir Männer erofgesat. Dëst wier eng Diskriminatioun, schreift de Geriichtshaff.

D'Cour koum och zur Conclusioun, datt de Pouvoir vum Justizminister fir Riichter-Mandater ze verlängeren net legal wier. Do kéinten nämlech Zweiwel opkommen, datt d'Neutralitéit vun de concernéierte Riichter net garantéiert wier. Et wier een Agrëff an d'Onofhängegkeet vun der Justiz.

D'europäescht Geriicht war vun der EU-Kommissioun mat der Saach befaasst ginn. Pole seet, datt d'Rechtslag net méi aktuell wier. Déi néideg Upassungen hätt Warschau mat engem Gesetz vum Abrëll zejoert gemaach. Dëst wier awer net vum europäesche Geriichtshaff berécksiichtegt ginn.