D’EU-Finanzministere berode sech en Donneschdeg zu Bréissel iwwert d’Pläng fir e gemeinsamen System, deen d’Konten vu Bank-Clienten soll sécheren.

D’Diskussioun iwwert en eenheetleche System fir d'ganz EU stiërche schonn zanter enger Zäitchen fest. Dernieft gëtt iwwert déi aktuell Reform vum Euro-Rettungsfong ESM debattéiert, wéi och iwwert e Budget fir den Euro-Raum.

Fir Lëtzebuerg ass de Finanzminister Pierre Gramegna vertrueden, wéi och den Educatiounsminister Claude Meisch. Ee Punkt um Ordre du jour ass nämlech och eng Diskussioun iwwert d'Wichtegkeet vun enger qualitativer Educatioun fir en durabelen a stabele Wirtschaftswuesstem ze garantéieren.