D'EU-Kommissioun huet d'Hierschtprognose vum Joer 2019 verëffentlecht. Wéi gesäit et fir de Grand-Duché aus?

D’EU-Komissioun geet dervunner aus, dass d’Wirtschaft heiheem dëst Joer, 2020 an 2021 ëm 2,6% wäert an d'Luucht goen.

Den Emploi géif bis 2021 abegraff ëm iwwer 3% pro Joer klammen. De Chômage, esou Bréissel, wäert sech heiheem bei 5,3% apendelen.

D'Inflatioun bleift stabel mat enger Deierecht tëscht 1,6 an 1,9% d'Joer. Idem bei der Staatsschold, déi bis 2021 liicht ënner, respektiv liicht iwwer 19% vum PIB wäert leien.