20.000 gratis Reesticketen. Déi verdeelt elo d'Europäesch Kommissioun am Kader vun hirem Programm "DiscoverEU".

D'Initiative "DiscoverEu" ass ee grousse Succès. An elo soll se an eng weider Ronn goen. Fir déi drëtte Kéier hannerenee solle Jugendlecher vun 18 Joer d'Méiglechkeet kréien, mam Bus, Zuch a Fären duerch Europa ze reesen, dat op Käschte vun der EU. Vum Abrëll bis Oktober kënnen déi Jonk 30 Deeg laang duerch Europa touren.

Nach bis den 28. November sollen Interesséierter sech um Site vun der Initiative mellen. 20.000 Tickete ginn dës Kéier eraus.

50.000 Jugendlecher hate schonn d'Geleeënheet fir beim Projet matzemaachen.

De Budget fiert d'nächst Joer leit bei 25 Milliounen Euro.