9 europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, fuerderen d’Europäesch Kommissioun op, nei Moossnamen an der Aviatioun géint d'Pollutioun ergräifen.

Vun enger spezifescher Taxe geet allerdéngs nach net riets.

D’Präisser vun den internationale Fluchtickete géifen net deem entspriechen, wat e Fliger un CO2 ausstousse géif, sou d’Argumentatioun vun den 9 Finanzminister, déi dëse Pabeier ausgeschafft hunn.

D’Hollänner maachen Drock op d’Europäesch Kommissioun. Si wëllen, vun 2021 un eng Taxe aféieren, falls bis dohinner keng Decisioun vu Bréissel géif virleien.