Am Mäerz 2016 hat d’Europäesch Unioun mat der Tierkei en Deal ofgeschloss, fir Flüchtlingen aus dem Mëttleren Osten opzehuelen.

Mat der aktueller Situatioun a Nordsyrien stellt sech d'Fro, ob d'Flüchtlingspolitik net ee politescht Drockmëttel op Bréissel ka ginn. 6 Milliarden Euro hat d'EU der Tierkei ginn, fir sech kënnen ëm dausende vu Flüchtlingen ze këmmeren.

AUDIO: Flüchtlingen Tierkei / Rep. Bill Wirtz (13.11.19)

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens seet, dass den Deal ofgeschloss gouf, well zu Bréissel keng Bereetschaft ass, fir Léisungen ze fannen. Fir eng Redistributioun vu Flüchtlingen innerhalb vun der Unioun géing et keng Majoritéit ginn.

Wa Flüchtlingen net verdeelt ginn, da bleiwe se ee Problem vun deem Land, an deem se ukomm sinn, dat heescht dacks entweder Griicheland oder Italien. Och wann haut net méi vill Flüchtlinge kéimen, Konflikter gëtt et ëmmer nees an d'Diskussioun géing wichteg bleiwen, sou den DP-Politiker.

De Charles Goerens mengt awer och, dass finanziell responsabel ëmgaange gi wier. Edukativ Projete wieren ee Beispill vun effikasser Benotzung vun de Fongen.

D'ONG "Human Rights Watch" hat d'Europäesch Unioun allerdéngs d'lescht Joer kritiséiert. Vill syresch Flüchtlingen un der tierkescher Grenz géingen zeréckgeschéckt ginn an d'EU géing ewech kucken.