Déi nei Kandidate fir d'EU-Kommissioun musse sech en Donneschdeg de Moie vun 8 Auer un de Froe vum Europaparlament stellen.

Nodeems dräi proposéiert Kommissäre vun der Ursula von der Leyen duerchgefall sinn, sinn den Ungar Varhelyi, d'Rumänin Valean an de Fransous  Breton opgestallt.

Déi nei Kommissioun soll, wann d'EU-Parlament mat den neie Kandidaten averstanen ass, den 1. Dezember mat hirer Aarbecht ufänken - mat engem Mount Retard.

De Fransous Thierry Breton soll d'Ressorte Bannemaart an Industriepolitik iwwerhuelen, den Oliver Varhelyi d'Erweiderung an d'Adina-Ioana Valean de Verkéier.