Groussbritannien wëll kee briteschen EU-Kommissär fir d'Ekipp vun der zukünfteger EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen proposéieren.

Dat huet déi britesch Regierung en Donneschdeg der Von der Leyen matgedeelt. Et géif een d'Neiwalen den 12. Dezember op der Insel ofwaarden. Allerdéngs géif dëst déi nei Kommissioun net dovunner ofhalen seng Funktiounen den éischten Dezember z'iwwerhuelen.

Iwwerdeems stinn d'Ersatzkandidate fir Ungarn, Rumänien a Frankräich dem Europaparlament en Donneschdeg a verschiddene Spezialkommissioune, Ried an Äntwert.
Déi éischt Kandidaten aus dësen 3 Länner goufen refuséiert. Ënnert anerem ass hinnen Interessekonflikt virgehäit ginn.