Zu Bréissel kënnt een an den Negociatiounen iwwert den EU-Budget fir d'nächst Joer net virun.

Vertrieder vum EU-Parlament an de Memberstaaten vun der Unioun sinn no stonnelaangen Gespréicher ouni Resultat auserneegaangen. E Méindeg sollen d'Gespréicher virugoen.

Virun allem an der Fro wéi vill Suen fir Payementer aus dem Budget ageplangt solle ginn, ass ee sech net eens. D'Parlament huet vir d'lescht 159 Milliarden Euro gefuerdert an domat méi wéi d'Memberstaaten accordéiere wëllen.

Sollt Ufank nächst Woch keng Eenegung fonnt ginn, muss d'EU-Kommissioun en neien Budgetsentworf virleeën.