Den Export soll fir kleng Entreprisë méi einfach ginn

© AFP (Archiv)
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen huet sech zu Bréissel fir eng administrativ Vereinfachung beim internationalen Handel agesat.
Déi sougenannte "Rules of Origin" haten et klengen a mëttelstännege Betriber ze schwéier gemaach, fir ze exportéieren.
Dës "Rules of Origin" hu verschidde Klassifikatiounen, déi determinéieren vu wou ee Produkt hierkënnt. Sou kann zum Beispill ee Kéis komplett zu Lëtzebuerg gemaach gi sinn, mä e Stull villäicht och mat Holz aus Däitschland. Wie wou dierf "Made in Luxembourg" oder "Made in the European Union" drop schreiwen, dat ass vun Exportland zu Exportland anescht.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen, Member vun der Kommissioun fir internationalen Handel vum Europaparlament, erkläert datt d’Systemer déi kontrolléiere wou d’Origine wier dacks immens bürokratesch sinn. Fir grouss Entreprisë kee Problem, fir kleng a mëttelstänneg Betriber awer een administratiivt Monster. Den CSV-Politiker huet mat enger Rëtsch vu senge parlamentaresche Kolleegen e Bréif un d’Europäesch Kommissioun geschriwwen, fir ze probéieren, de Problem ze behiewen. Mat Erfolleg.
An engem Bréif dës Woch huet d’Kommissioun effektiv bestätegt, datt eng Datebank kreéiert soll ginn, déi "Access2Market" heesche soll. Déi kann da vun Entreprisë benotzt ginn, fir eraus ze fannen, wéi se mat hire Produkter sollen ëmgoen, fir datt se kënnen an d’net-EU-Ausland exportéieren.
Fir de Christophe Hansen muss awer nach vill geschéien, fir am Beräich Handel e level-playing field ze schafen.
An Zukunft misst och China méi streng kontrolléiert ginn. No engem Handelstraité mam Vietnam kann et e Risiko sinn, datt chinesesch Entreprisen am Vietnam just de Logo droppechen, an esou EU-Handelsreegelen ëmginn.