Obwuel d'Land, wat d'EU deemnächst wëll verloossen, nach Member vun der Unioun ass, huet Groussbritannien nach kee Kommissär selektionéiert.

Am Sträit ëm de Poste vum britteschen EU-Kommissär huet London een Delai vun der EU-Kommissioun net agehalen. Bis e Freideg sollt Groussbritannien Positioun dozou huelen, datt et nach kee Kommissär presentéiert huet. Mam Verréckele vum Brexit op Enn Januar d'nächst Joer gehéiert Groussbritannien u sech nach zu der EU, wann d'EU-Kommissioun seng Aarbecht Ufank Dezember ophëlt. Ma de Poste vum Kommissär fir Groussbritannien bleift weider op.

Elo géif d'Kommissioun dës Situatioun analyséieren an dann iwwert weider Schrëtt beroden, esou d'Kommissiounsspriecherin.