De System gesäit vir, dass sech verschidden EU-Staaten ofwiesselend dozou bereet erklären, wärend 6 Méint Bootsflüchtlingen aus Italien a Malta opzehuelen.

Italien, Däitschland, Frankräich a Malta hunn een neie Mechanismus fir d'Verdeelung vun de Flüchtlingen, déi um Mëttelmier gerett ginn, aktivéiert. Dat huet den italieneschen Ausseministère e Samschdeg matgedeelt.

Dëse provisoresche Stabilitéitsmechanismus gouf am September vun de 4 Länner bei der EU-Kommissioun ugefrot a soll elo dann en Place gesat ginn.

De System gesäit fir, dass sech verschidden EU-Staaten ofwiesselend dozou bereet erklären, wärend 6 Méint Bootsflüchtlingen aus Italien a Malta opzehuelen.

Dësen Noutfallmechanismus ass awer nëmmen als Iwwergangsléisung geduecht, bis den aktuellen Asyl-System vun der EU net iwwerschafft wier. Bis haut feelt et dofir awer un der Ënnerstëtzung vun enger Rei EU-Staaten.

Schema fir mannerjäreg Flüchtlingen

De griicheschen Premierminister Kyriakos Mitsotakis huet en neit Schema annoncéiert, fir mannerjäreg Flüchtlingen ze encadréieren, déi eleng an d'EU kommen.

Virun nëmmen e puer Deeg hat den griicheschen Premier déi aner EU-Staaten fir de Mangel u Solidaritéit kritiséiert.

D'Kanner an d'Jugendlecher solle mam neie Schema virun der Exploitatioun an der Kriminalitéit protegéiert ginn.

De Mitsotakis versprécht 4.000 Kanner, déi den Ament op den griicheschen Insele sinn, en Ënnerdaach ze ginn, deen - wéi hien seet - hirem jonken Alter entsprécht.