Frankräich an Däitschland hunn e Plang fir eng déifgrënneg Reform vun der europäescher Unioun preparéiert.

Eng Reform, déi op eng Traitésännerung kéint erauslafen. Aus engem Dokument, deen der Agence France Presse virläit, soll d’nächst Joer eng „Konferenz iwwert d’Zukunft vun Europa“ ufänken, déi bis 2022 dauere géing. Dës Konferenz soll all Problemer op de Leescht huelen, mat deenen d’europäesch Institutioune confrontéiert sinn. Zil wier eng EU déi méi zesummenhält a souverän gëtt, steet am Pabeier.

D’Dokument géing e Mëttwoch ënnert den EU-Ambassadeuren zu Bréissel diskutéiert ginn, sou d’AFP. De selwechten Dag, wou d’EU-Parlament iwwert d’EU-Kommissioun Von der Leyen ofstëmmt.