Zu Stroossbuerg am Europaparlament ass an der Mëttesstonn de Vott iwwert déi nei EU-Kommissioun, ënnert dem Lead vun der Däitscher Ursula Von der Leyen.

D’Europa-Deputéiert jugéieren iwwert d’Kommissioun als e Ganzt, also iwwert d’Equipe vu 27 Kommissären. Kritt dës haut gréng Luucht, da fänkt hir Aarbecht den 1. Dezember, also e Sonndeg offiziell un.

Am Prinzip misst déi nei Kommissioun eng relativ breet Zoustëmmung fannen. Déi gréng Fraktioun huet awer schonn annoncéiert sech wëllen ze enthalen. Fir si ginn et Problemer bei den Agrarpläng, der Defense-Industrie, oder generell bei der Ausriichtung vun der ganzer Kommissioun.