Um Mëttwoch de Mëtteg krut d'Kommissioun vun der Ursula von der Leyen gréng Luucht vum Europaparlament.

Domadder kann déi nei Kommissioun, déi déi vum Jean-Claude Juncker wäert ofléisen, och offiziell den 1. Dezember mat hirer Aarbecht ufänken. Am Europaparlament krut dës Kommissioun vun der Ursula von der Leyen eng breet Majoritéit.

Se krut 461 Jo-Stëmme bei 157 Mol Nee an 89 Abstentiounen.

Ënnert de 27 Kommissären, déi domadder confirméiert goufen, ass och de Lëtzebuerger Nicolas Schmit vun der LSAP, deen de Poste vum Kommissär fir Aarbecht a sozial Rechter kritt. De Marc Angel réckelt op Stroossbuerg an d'Europaparlament no an d'Francine Closener completéiert d'LSAP-Reien um Krautmaart.